← Back to all articles Solar panels

Mäin Bäitrag zur Energiewende zu Lëtzebuerg – En Erfarungsbericht

Meng Erfarungen an Frustratiounen mat der Energiewende zu Lëtzebuerg — administrativ Hürden beim Opbau vun enger Photovoltaik Anlage.

An dësem Artikel géif ech gären mat Iech meng Erfarungen awer och meng Frustratiounen am speziellen zur Energiewende zur Lëtzebuerg gi. Den Sujet Energiewende huet spéitstens mam Ukrain-Krich an den doraus resultéierenden extremen Energiepräisser eng ganz nei Aktualitéit krit!

Mee ass et esou einfach, en Bäitrag zur Energiewende ze leeschten als Privatpersoun? Wéieng Administrativ Hürden gi et? Néng Erfarung ass leider, dass d´Lage scheinbar nach net eescht genuch ass, an "Lëtzebuerg" et sech scheinbar leeschten kann ze träntelen.

Ech fannen et gutt, dass d Regierung mat diversen Primen d´Privathaushalter dozou encouragéiert, an erneierbar Energien ze investéieren. Allerdéngs gëtt et och en prakteschen Aspekt, den mat vill Bürokratie an suboptimalen Prozesser verbonnen ass. D´Zil vun dësem Artikel soll et net sinn en Shaming ze maachen vum Elektriker, dem Netzbedreiwer oder der Gemeng. D´Zil ass et, ob Ineffizienzen an den Prozesser hinzeweisen an Virschléi ze maachen wat een besser machen kann.

Timeline: Vun der Idee bis zum Uschloss

Juni 2021 — MyEnergy Berodung
Mir sinn eigentlech erhéicht ob d´Idee komm eis fir eng Photovoltaik Anlage ze interesséieren duerch en Flyer an eiser Boîte. Mir hunn eng Berodung mat engem Conseiller vun myEnergy gemaach. Des Berodung war professionell, informativ an den Här huet sech wierklech Zäit geholl fir alles am Detail ze erklären.

Juli 2021 — Offeren Anhuelen an Auswahl fun engem Elektriker
Am Juli hunn mir verschidden Offeren vun Elektriker ageholl fir eis PV-Anlage ze bauen. Des hunn präislech relativ stark variéiert. Déi meescht Elektriker waren awer net an der Lage nach eng Installatioun an 2021 ze garantéieren. Ennerschriwen hun mer den Kontrakt mam Elektriker den 27 Juli 2021.

2. August 2021 — Demande fir d´Baugeneemegung bei menger Gemeng
Den 2 August 2021 hunn ech bei menger Gemeng (per Email) eng Baugeneemegung agereecht. Dobäi war den Dossier vun Ufank un komplett mat allen néidegen Ënnerlagen wéi Kadasterauszuch, Detail fum Project etc. Nodeems ech bis Ufanks September nach näischt vun hinnen héieren hat, krut ech gesot dass jo Vakanz war, d´Gemengeverwaltung geplënnert ass an wéinst enger Kënnegung fun engem Matarbechter och sos keen d´Emails traitéiert huet.

7 Oktober 2021 — 9 Wochen an 3 Deeg méi spéid: Gemeng erdeelt Baugenehmegung
Et huet Schlussendlech nach en weideren Mount gedauert bis d´Gemeng d´Baugeneemegung erdeelt huet. Schlussendlech huet d´Gemeng soumat am Total 9 Wochen an 3 Deeg gebraucht fir d´Baugeneemegung ze gi.

Installatioun fun der Photovoltaik Anlage
Zur Installatioun fun der Anlage get et un sech net vill ze soen. Des gouf nodems d Material all do war, schnell an professionel fun mengem Elektriker duerchgefouert. D´Installatioun vun der Anlage an d Verkablung am Haus an an der Schalttafel war dermadder Mett November 2021 fäerdeg.

2 Dezember 2021 — 1. Creos Termin
Den éischten Termin mat der Creos huet knapp 2 Minutten gedauert. Den Här vun der Creos wei och mäin Elektriker waren sech schnell eeneg, dass alles an der Rei wier.

31. Dezember 2021 — Delais fir fum 2021er Anspeisetarif ze profitéieren gouf verpasst
All Joer gi d Tariffer fir d Anspeisevergütung fir eng Anlage iwwert 15 Joer ugepasst an erof. Doduerch dass d´Anlage net 2021 (0.1552 € / kWh) un d Netz geet, gelt den méi schlechten Tarif vun 2022 (0.1506 € / kWh). Bei der Performance vun eiser Anlage mécht dat knapp 600€ iwwert 15 Joer aus déi verluer gi.

3. Februar 2022 — 2. Creos Termin
Dësen Termin huet 30 Sekonnen gedauert. Den Zähler passt net an dat virgesinnen Zählerfeld. D Feld wou den Compteur agebaut sollt gi, as em 10cm ze kleng.

11 März 2022 — 3. Creos Termin (Anbau fum Zähler)
No 14 Wochen an 1 Dag laangem Waarden as et endlech esouwait. Den Zähler fir d Energie konnt ouni Problem angebaut gin an d Anlage as endlech an Betrib an produzéiert Strom.

Conclusioun & Verbesserungsvirschléi

Wei der mëttlerweil secherlech novollzéien kennt, war den ganzen Prozess extrem frustréierend an enttäuschend. D´Energiewende ass awer eppes wat just kann global gepackt gi, an dofir as et wichteg, dass wann een sech decidéiert wellen eng Photovoltaik Anlage opzestellen, dass et der Persoun dann och sollt méiséilegst einfach gemaach gi dat ëmzesetzen.

  • Vereinfacht Prozedur bei der Baugenehmegung fir eng PV Anlage. Et mecht keen Senn, dass all Gemeng iwert all eenzel Solaranlage trancheieren kann.
  • Optimiséierung fun internen Prozesser beim Netzbedreiwer – Digitaliséierung kann hei am Speziellen hëllefen.
  • Bei mengem Netzbedreiwer der Creos géif ech proposéieren, déi Kontrakter déi mussen ënnerschreiwen gi kennen scho vill éischter an der Prozedur un den Client geschéckt gi.
  • Den Stellenwert fum Handwierk nees méi ze stäerken an den Jonken duerch entspriechend Ausbildungsweher an déi adequat Paien ze weisen, dass d´Handwierk dringend gebraucht gëtt.